Am Live! Planet People geet et e Freideg den Owend ëm Beien, Boxen a Musek.

De Michel Collette ass deene meeschten als Beiemich e Begrëff. De Biobeienziichter vu Mäerzeg notzt de Weltbeiendag, deen den 20. Mee gefeiert gëtt, fir de Leit en anert Bild vum Beievollek ze vermëttelen. Den Hobbyfotograf, deen och vill am Centre d'écologie et de la jeunesse zu Huelmes an- an ausgeet, hält reegelméisseg Referater, wou hien explizéiert, wéi Beie matenaner kommunizéieren, wéi d'Beien Naturwabe bauen oder wéi den Immunsystem vun de fläissege Beie funktionéiert. Nächst Thema sinn "d'Beien an d'Landwirtschaft"

RTL

© Patrick Greis

RTL

© Patrick Greis

De Stéphane Mota ass Joergang 1996 an zanter 2014 boxt hie beim "Boxing Club Diddeleng". Vun 22 Boxmatcher huet de Stéphane Mota der 14 gewonnen. De Lëtzebuerger Champion vun 2019-2021 ass aktuell ee vu 5 Boxer aus deem Veräin, deen den 8. Abrëll 1935 gegrënnt gouf, an aus deem sou Nimm wéi Bruno Mattiussi an Hans Pieknik bekannt goufen. Eng flott Geleeënheet, fir Boxsport zu Lëtzebuerg live z'erliewen, bitt sech e Sonndeg, den 29. Mee um 16 Auer am Centre Sicosport zu Rëmeleng, organiséiert vum "Boxing Club Rumelange".

RTL

© Patrick Greis

RTL

De Museker Alex Christensen verschmëlzt Popmusek mat klasseschem Orchester a geet am Juni mam "The Berlin Orchestra" op Tournée. Bekannt gouf de Komponist 1990 mat "Ritmo de la Noche", wou d'Verona Feldbusch deemools den Text agesongen huet. Mam Museksprojet U 96 an der Single "Das Boot" huet hien et 1991 op Plaz 1 vun den däitsche Verkafscharts gepackt. Hien huet sech en Numm als Produzent vum Tom Jones, Oli P., Marianne Rosenberg a Paul Anka gemaach an huet den Nummer-1-Hit "I Believe" fir d'Band Bro'Sis bei Popstars 2001 geschriwwen.

RTL

© Patrick Greis

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.