Alle Grond ze feieren hat de Weekend d'Kinnigin Margrethe vun Dänemark. No der Queen Elizabeth II. ass si déi zweetlängst amtéierend Monarchin an Europa.

Zanter 50 Joer sëtzt d'Kinnigin Margrethe II. um Troun. Fir dat ze feieren, goung et fir d'Dänin an de weltbekannte Fräizäitpark Tivoli zu Kopenhagen. Hei gouf si feierlech vun der jonker Tivoli-Garde empfaange mat engem Stéck, dat extra hir si komponéiert gouf. Am Mëttelpunkt vum Programm stoungen hir Leidenschafte Ballet, Musek a Konscht. Zum Schluss goung et fir déi 82 Joer al Monarchin op eng Achterbunn.

Den Trounjubiläum war u sech schonn am Januar, awer wéinst der Corona-Pandemie goufen d'Feierlechkeeten e puer Méint no hanne verréckelt. Geplangt sinn ënnert anerem e Volleksfest am Tivoli, e Gala-Dinner, e Festgottesdéngscht an eng gréisser Gala-Virstellung am Theater zu Kopenhagen.

Déi 82 Joer al Kinnigin ass bekannt fir hir faarweg Outfitten, hiren Optimismus an hire sozialen Engagement. Ma och hir Usproochen un d'Vollek ënnerscheede sech vun anere Royals, well si ëmmer direkt a manner formell schwätzt. Dowéinst ass si och ganz beléift bei hirem Vollek. Ëmfroen no steet iwwert dräi Véierel vun der dänescher Bevëlkerung hannert der Monarchie.

RTL

© AFP

Nieft hire royale Flichten huet déi mëttlerweil aachtfach Groussmamm och vill Zäit mat Traductioune verbruecht. Ënnert anerem huet si e Roman vum Simone de Beauvoir an d'Dänescht iwwersat an ënnert engem Pseudonym verëffentlecht. Ausserdeem huet si Kostümer an Zeenerië fir divers Theaterstécker a Fernseeserien entworf an esouguer eng Neioplo vum J.R.R. Tolkien sengem Klassiker "The Lord of the Rings" 2002 illustréiert. Hir abstrakt Biller sinn an dänesche Muséeën an a Galerien am Ausland ze gesinn.

Un Ofdanke wëll d'Margrethe II. nach net denken. "Ech bleiwen um Troun, bis ech ëmfalen", sou d'Monarchin. Nieft Dänemark gëtt et dëst Joer och a Groussbritannien alle Grond ze feieren. D'Queen Elizabeth II. feiert nämlech hire 70. Jubiläum.