Leschte Samschde war zu Rotterdam d'Benelux-Final vun der "First Lego League".

30 Equippen aus de Primärschoulen aus der Belsch, Holland a Lëtzebuerg hunn drun deel geholl. Mat dobäi och d'6. Schouljoer vu Gilsdref.

Mir hunn d'Grondschoul vu Gilsdref besicht, wou den Dag ier et op Rotterdam goung nach déi lescht Preparatioune fir d'Lego League gelaf sinn. Nodeems sech d'Grupp vu Schüler hei zu Lëtzebuerg bis an d'Halleffinall gekämpft hat, ware si selwer iwwerrascht, dass se sech fir d'Final an Holland qualifizéiert hunn.

An der "First Lego League" verschmëlze Lego an High Tech - et kann een zum Beispill aus Lego e Roboter bauen an en da programméieren. Och dëst hunn se am 6. Schouljoer geléiert a wëllen elo natierlech weisen, wat se drop hunn.

Programméiert gouf um Tablet, wat am Ufank komplizéiert war,. Mee et ass séier vun de Schüler verstanen an och ëmgesat ginn.

D'Resultat - hiren aus Lego gebaute Roboter - muss verschidden Aufgaben um Spillfeld meeschteren, ouni dass ee vun de Schüler agräife muss. Alles gouf am Virfeld wärend Stonne programméiert, Rotterdam huet op si gewaart.

Méindes no hirer Rees hu mir d'Schüler nach emol besicht. Mir treffen se am Schoulhaff. An tatsächlech: Si hunn et an d'Top Ten gepackt an hunn de Jury-Präis gewonnen - eppes wat kee sech esou richteg erwaart hat.

Esouguer d'Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, d'Pascale Hansen, ass laanscht komm, fir der Klass ze gratuléieren. Vill Jugendlecher hu schonn duerch esou Projete Freed um zukünftege Beruff fonnt, an elo wou se zu Gilsdref Blutt geleckt hunn, steet elo näischt méi am Wee fir d'Lego League 2023.