Am Live! Planet People geet et e Freideg den Owend ëm Mieresfuerschung, Gléck an e Krimi.

De Pierre Gallego ass en Déierendokter, dee sech op Walfësch an Delfinen spezialiséiert huet. Am Virfeld vum "World Ocean Day" den 9. Juni, ass de Mieresfuerscher elo just vun enger Fuerschungsrees a Mexico erëm, wou hie spannend Biller vu Bockelwaler matbruecht huet. De Cofondateur a Vizepresident vun der asbl "Odyssea Lëtzebuerg" huet säi Wëssen zu Gibraltar, an der Dominikanescher Republik, um Äquator an am Mosambik vergréissert. De Moment schafft hien als Consultant vun internationalen ONG'en, a zanter 15 Joer ass hie wëssenschaftleche Beroder vum Lëtzebuerger Ëmweltministère.

RTL

© RTL

RTL

© RTL

D'Gina Schöler ass déi däitsch Ministesch fir Gléck. Wann ee weess, wat een zefridde mécht, kann ee sech och selwer motivéieren an encouragéieren, schreift si an hirem Buch "Glück doch mal!". Déi 99 interaktiv a kreativ Challengë weisen, dass mir eist Gléck selwer an de Grapp huele kënnen, wa mir eis e bësschen aus eiser Komfortzon erausbeweegen an eis an dat faarwegt Liewen trauen. Déi verschidden Aufgabe baséieren op Erkenntnisser aus der Glécksfuerschung, der positiver Psychologie, der Perséinlechkeetsentwécklung an dem ganz normale Liewen.

RTL

© RTL

RTL

© RTL

De Paul Heinesch ass ënner d'Auteure gaange mat dem Krimi "Branntewäin", deen och mat Witz gewierzt ass. De gréissten Afloss op de Sujet vum Buch huet säi Wunnsëtz Stadbriedemes. D'Muselgéigend mat de ville Fester an de gemittlechen Dierfer an och de verschiddene Liewensphilosophien. Op 241 Säite fënnt een e Mix aus Krimi a Komedie an och sëlleg Spréchwierder dierfen net feelen. 2 Joer Aarbecht stiechen am Buch, dat am Eegeverlag erauskoum an d'Aarbecht vum Kommissär Jean-Paul Gauthier beschreift.

RTL

© RTL

RTL

© RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.