Et war e Lëtzebuerger Entrepreneur, dee säi ganz eegene Stil hat. Zu Jakarta huet de Jos Spartz ënner anerem en Kosmetik-Imperium opgebaut.

Hie war och de Grënner vun "Old Batavia", engem Moudelabel, deen hien eigentlech entworf huet fir sou Saachen ze kreéieren déi him gefalen an déi hien an den anere Geschäfter net fonnt huet.

An dobäi huet hien ni seng Wuerzele vergiess. Zu Jakarta huet de Philanthrop am grousse Stil Schoulprojeten ënnerstëtzt an sech fir déi lokal Populatioun agesat.

Elo ass de sympathesche Self-Made-Man kuerz viru sengem 80. Gebuertsdag gestuerwen. A Gedenken un de gebiertegen Iechternacher kucke mer zréck ob den Erfolleg vum Jos Spartz.