Dausende Koppele gi sech all Joer d'Jo-Wuert an den Hochzäitskapellen. Ouni grousse Kitsch, dofir awer mat vill Rock'n'Roll.

Wie wëlles huet, an Zukunft eng Elvis-Presley-Hochzäit zu Las Vegas ze feieren, gouf viru Kuerzem batter enttäuscht. Do huet et nämlech nach geheescht, dass d'Hochzäiten am Zeeche vum King of Rock'n'Roll kéinte verbuede ginn. Hannergrond ass e Lizenzsträit.

En Donneschdeg huet sech den Authentic Brands Group entschëllegt, dass d'Firma dat den Hochzäitskapelle verbidde wollt. "Et deet eis Leed, dass déi jéngst Kommunikatioun mat enger klenger Unzuel vu Kapellen zu Las Vegas fir Verwirrung gesuergt huet", sou ABG géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Et géing ee mat de Kapellen zesummeschaffen, fir dass den Numm an d'Image vum Kënschtler am Aklang mat sengem Ierwe stinn, heescht et weider.

Authentic Brands Group krut 2013 d'Majoritéit vum Elvis-Presley-Ierwen. Zanter Mee verschéckt d'Entreprise Schreiwessen u verschidde Firmen, fir Hochzäiten am Elvis-Stil z'ënnerloossen, wat vill Elvis-Fans, Kapellebesëtzer an de Buergermeeschter vu Las Vegas geiergert huet.

Den "Elvis Presley hat Las Vegas laang Zäit als seng Heemecht bezeechent a säin Numm ass e Synonym fir Hochzäiten zu Las Vegas ginn", sou de President vun der Vereenegung vun der Hochzäitsindustrie Jason Whaley der AFP. Vill Elvis-Doublen a Kapelle fäerten elo ëm hir Existenz. Hochzäite sinn aus finanzieller Siicht immens wichteg fir d'Casino-Metropol. All Joer kommen esou 2,5 Milliarden Dollar (2,3 Milliarden Euro) eran. En Elvis-Luxus-Package kascht bis zu 1.600 Dollar. Koppele ginn hei zum Beispill an engem pinke Cadillac Cabriolet aus dem Joer 1964 bis bei den Altor bruecht.

E Mëttwoch hat d'Websäit Las Vegas Review-Journal gemellt, dass ABG de betraffene Kapellen ugebueden hat, hir Aktivitéiten am Kader vu finanziellen "Partnerschaften" virunzeféieren. "Hir Léisung ass, dass mir 20.000 Dollar pro Joer bezuelen, fir weiderhin dat ze maachen, wat mir zanter 9 Joer maachen", erkläert d'Kayla Collins, Matbesëtzerin vun enger Hochzäitskapell. "Dat louch virun e puer Deeg nach net um Dësch". Den ëffentlechen Drock huel wuel seng Wierkung gewisen.