Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d'Filmbranche, d'Formatioun als Safari Guide a ferngesteiert Autoen.

Fir den Tommy Schlesser leeft et den Ament richteg gutt am Filmbusiness, a vill nei Projete sinn an der Maach. An der 2. Staffel vu Capitani war hien am Nuetsliewen aktiv, a rezent huet et geheescht, dass d'Serie och un Netflix verkaaft gouf. De Moment ass hien am spuenesche Film "Lemon and Poppy Seed Cake" am Kino ze gesinn, an déi lescht Woch war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, déi och scho mam Will Smith "Bad Boys For Life" gedréit hunn, a wou hien en IS-Kämpfer spillt. Aktuell dréit hien "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an e freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn.

D'Sophie di Vora huet et a Südafrika gezunn, fir eng Formatioun als Safari Guide ze maachen an Déieren an Natur besser kennenzeléieren. Bannent 5 Méint gëtt een zu engem professionelle Field Guide an duerno ass e Stage vu 6 Méint an enger Lodge. Um Programm stoungen ënnert anerem Geologie, Astronomie, Wieder a Klima, Wandrichtung, awer och d'Reptilien a Fësch. Zum Beispill muss een d'Fräschen um Gesang erkennen an och Geräischer vu verschiddenen Déiere richteg deiten. 17 Punkte muss ee beherrschen, an d'Sécherheet vun de Gäscht steet un éischter Plaz.

Dem Marco Claus seng Passioun si ferngesteiert Autoen. Eréischt am Alter vu 34 Joer huet de Pilot, deen ëmmer schonn un Technik an Motorsport interesséiert war, zu de Modellautoen fonnt. An och international moosst hie sech reegelméisseg mat anere Kolleegen, wéi am Abrëll op enger Frëndschaftscourse an Italien oder am Mee bei enger Manche vun der "Race Car Series" an Däitschland. Zu Lëtzebuerg gëtt et de Moment eng 150 Aktiver, dovunner sinn der ronn 120 beim "Luxembourg Model Car Club" (LMCC).

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.