Zanter 2011 waren d'Shakira (45) an de Gerard Piqué (35) eng Koppel. De Futtballstar soll friem gaange sinn, melle verschidde Medien.

D'Trennung ass op alle Fall offiziell, well dem Shakira seng Kommunikatiounsagence huet dat mëttlerweil bestätegt.

D'katalanesch Dageszeitung "El Periodico" huet viru kuerzem gemellt, d'Shakira hätt hire Partner in flagranti mat enger Affär erwëscht. Et gouf scho méi dacks déi Rumeur, dass de Gerard Piqué net trei wier.

Schonn d'leschte Samschdeg soll d'Shakira virun hirem Haus zu Barcelona eng Panikattack gemaach hunn an Dokteren hu sech mussen ëm kolumbianesch Sängerin këmmeren.

D'Sängerin huet iwwerdeems all hir gemeinsam Biller mam Piquet vun hirem Instagram-Account geläscht.

Déi zwee waren zanter 2011 eng Koppel an hunn 2 Kanner zesummen.