Am Bësch um Neihaischen war e ganzt Keltenduerf opgeriicht. Hei huet een en Abléck kritt, wéi d'Leit zu där Zäit solle gelieft hunn.

D'Heemecht vun de Kelte war Mëtteleuropa. Si hu Stied gebaut a Commerce bedriwwen. De Begrëff "Kelten" kënnt aus dem griicheschen "Keltoi" a bedeit esouvill ewéi "Couragéis".

Schong, Rimmer oder ënnert anerem Geldsäckelcher goufen zu Zäite vun de Kelten hiergestallt. Lieder gouf dofir benotzt. Gebraucht gouf dofir och ganz speziellt Aarbechtsgeschier.

Bei enger Panoplie un Atelieren hunn d'Kanner och en Abléck an d'Liewe vun de Kelte kritt. Feieranzünder konnte si hierstellen, mat der Aaxt schéissen, Brout baken oder Woll gesponnen.

E Samschdeg den Owend um 20.30 Auer koum awer sécherlech dee spannendsten Deel.

D'Feierspäitzer waren am Keltenduerf ukomm. Bei hirem Spektakel sinn de Leit d'Aen opstoe bliwwen ewéi Gënzescheeken.

Eleng e Samschdeg waren eng 3.000 Leit um Site vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. 1.000 Kanner haten hire Furry bei den Atelieren.

De Sonndeg den Owend goung d'Rees an d'Welt vun de Kelten op en Enn. A mat Sécherheet wäert sou muncht Kand an der Nuecht vun dësen Erliefnisser dreemen.