De Weekend huet net just d'Queen hiren Trounjubiläum gefeiert, hir Urenkelin Lilibet hat och hiren 1. Gebuertsdag.

Bei engem Picknick ass eng Foto vum klenge Lilibet Diana Mountbatten-Windsor entstanen, déi de brittesche Prënz an d'Herzogin elo verëffentleche gelooss hunn. An engem hellbloe Rack mat engem wäisse Putsch an de roudelzegen Hoer sëtzt dat Klengt an der Wiss a laacht.

De Fotograf Misan Harrman, e laangjärege Frënd vun der Koppel, huet d'Bild e Méindeg op seng Instagram-Säit gesat. "Et war mir esou eng Éier, den éischte Gebuertsdag vum Lilibet mat menger an hirer Famill ze feieren", huet hien ënnert d'Bild geschriwwen.

D'Bild ass e Samschdeg 4. Juni op engem Gaarde-Picknick am enkste Familljen- a Frëndeskrees gemaach ginn, sou e Porte-parole vun de Royals e Méindeg. D'Feier soll am Frogmore Cottage zu Windsor gewiescht sinn, wou den Harry a seng Fra Meghan wärend e Feierlechkeeten zum 70. Trounjubiläum vun der Queen Elizabeth II. gewunnt hunn.