Fir Kanner, mä och mat Kanner ass Munches eng kleng Inconnu. An egal, ob elo adeleg oder net, mat Kanner gëtt et net langweileg.

Scho wärend der "Trooping the Colour"-Parad ass de Jéngste vum Prënz William a senger Fra Catherine e bësse méi opgefall, wéi déi aner kleng Familljememberen. De 4 Joer ale brittesche Prënz huet mat senge verschiddene Grimassen um Balcon vum Buckingham Palace quasi méi Blécker op sech gezunn, wéi d'Haaptpersoun vum Dag, d'Queen Elizabeth II.. Dee Klengen huet, ganz onüblech fir de britteschen Adel,  net just opfälleg gegaapst, ma och ongedëlleg gezappelt an eng Grimass no der anerer geschnidden.

E Sonndeg dunn huet de klenge Prënz seng Grimassen-Aktioun nach emol getoppt, sou dass och seng Mamm, d'Herzogin Catherine, Méi hat, hiert "Nesthäkchen" ze bremsen. Op d'Ofschloss-Parad vu senger Urgroussbom hat de klenge Prënz wuel och absolut keng Loscht. Hie souz déi éischt Zäit ganz granzeg am Public an huet missen drop higewise ginn, net grad sou rosen ze kucken.

Ma all Gedold huet iergendwann en Enn. Egal wéi vill "Contenance" ee versicht ze behalen, d'Herzogin Catherine huet missen agräifen. Als Äntwert krut si vun hirem Jéngsten dann och einfach, net eemol, mä direkt e puer Mol d'Zong rausgestreckt.

Op d'Verhalen ugeschwat

Zu Cardiff, een Dag no der Parad, goufen de Prënz a seng zwee Kanner, de Prënz George an d'Prinzessin Charlotte, drop ugeschwat, wou dann dee Jéngste wier. De Prënz William soll doropshin a Richtung Buedem gewisen hunn an am Geck gesot hunn, wa säi Fils elo do wier, géing en eventuell schonn do leien.

Och op Instagram, op der offizieller Säit vum Duke an der Duchess of Cambridge, goufen d'Grimasse vum Prënz Louis thematiséiert. Zu enger ganzer Serie Fotoen, déi an de leschten Deeg wärend dem Trounjubiläum gemaach goufen, steet nämlech geschriwwen:

"Wat fir e fantastesche Weekend voller Feierlechkeeten. Et war eppes ganz Besonnesches ze gesinn, wéi d'Mënschen aus dem ganze Land mat hire Familljen a Frënn zesummekoumen. [...] Mir haten all eng immens Zäit - virun allem de Louis."