Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Wanderweeër, Cocktailer an en ambitiéisen Challenge fir de gudden Zweck.

De Rom Helbach ass ëmmer mam Fotoapparat ënnerwee an huet elo e Buch mat de 50 schéinste Wanderweeër erausbruecht. De fréiere Banquier war schonn ëmmer gär dobaussen a wëll seng Leidenschaft elo mat aneren deelen. Sou war hien och 2018 mam Dizzy bei der Race Across America an huet dee ganze Wee mat senger Kamera begleet. Jorelaang huet hie Vëloscoursse fir d'Press oder Bicher fotograféiert, bis hien 2020 déi 30 schéinste Vëlostier a Bild an Text an Eegeregie erausbruecht huet. "LETZ BIKE Luxembourg" gouf e Bestseller an dofir huet hien d'Pandemie genotzt, fir 2021 och d'Trëppele mat anzebannen. "LETZ WALK - BIKE&RUN Luxembourg" weist déi flottsten Eckelcher aus dem Land, mat dem Éislek, der Musel, dem Minett an dem Mëllerdall.

De Raphael Betti ass dee beschte Cocktailmixer an der BENELUX an ass elo den offizielle Vertrieder zu Sydney bei der WM. No engem Bachelor an "Sciences de l'Education" an engem Master 2021 ass hien elo zanter engem Joer Bar Manager am Paname op der Gare. Parallel huet hien awer och Formatiounen zu Barcelona a Roum gemaach als Bartender a Barista, an huet reegelméisseg bei Concourse säin Talent ënner Beweis gestallt. Zu Amsterdam war hien de Gewënner vun der "Benelux World Class" an dierf elo op der "World Class Competition" déi 3 Länner vertrieden.

De Francesco Bordignon ass ee vu véier Schüler, déi leschte Weekend 100 Kilometer a 24 Stonne fir d'Fondation Cancer zeréckleeë wollten. Zesumme setze si sech an, fir kriibskranke Patienten ze hëllefen an hate sech en ambitiéisen Challenge gesat. Aus dem Minett bis uewen an d'Éislek huet de Wee de leschte Weekend gefouert an een nom aneren huet missten opginn, well de Kierper gestreikt huet. Iwwerreize vun de Seenen, Féiwer, Problemer mam Bluttkreeslaf waren d'Ursaach, dass dräi vun hinnen d'Arrivée net gesinn hunn a just de Mike Anen ass no 27 Stonnen an 20 Minutten an 11 Sekonnen iwwer de Schlussstréch gaangen, an hat um Enn en emotionalen Zesummebroch.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.