Den däitsche Schauspiller an d'Ex-Stuntfra Christiane Zander hu sech e Freideg zu Berlin d'Jo-Wuert ginn.

Fir den Hallervorden ass et schonn dat drëtt Bestietnes. Hien ass seng 56 Joer al Fra si schonn zanter ronn 7 Joer zesummen.

"Hochzäit vermëttelt e Glécksgefill. A Gléck ass dat Eenzegt, dat méi grouss gëtt, wann een et deelt", sot den Dieter Hallervorden. D'Christiane Zander huet hir Hochzäit als den Tëppelchen op den i fir hir Léift bezeechent. Si wäert och hire Familljennumm änneren.