“Et ass wéi wann ech en zweet Liewe géing liewen”, seet d’Francine Keiser iwwert hir radikal Decisioun.

No méi wéi 30 Joer erfollegräicher Karriär als Affekotin, huet déi 57 Joer al Fra nämlech decidéiert vu vir unzefänken. An zwar als Moude-Designerin. Amplaz vun internationalen Investmentfongen, hantéiert si lo mat Schéier a Stoffer ronderëm. Dass si enges Daags hir Kreatiounen an engem Geschäft géing hänke gesinn, hätt d’Francine Keiser viru puer Joer warscheinlech net geduecht. Haut huet si hiren eegene Label, genannt Francini_K a verkeeft hir Kleeder online, wéi och an engem Concept Store zu Diddeleng. An dat no méi wéi 30 Joer als Affekotin. "Ech gesi mech elo als Kënschtler, an ech hu meng eegen Entreprise", esou d’Francine Keiser, "déi Kreativitéit huet ganz laang a mir geschlummert an ech si frou, dass ech dat elo ausliewe kann".

D’Fabiola Puga, Proprietärin vum Buttek an Organisatrice vun der Lëtzebuerger Fashion Week, freet sech iwwer d’Zesummenaarbecht mam Francine Keiser. Nieft enger Moude-Schoul, Formatioune fir Modelen an engem Foto-Studio, wëll si nämlech virun allem lokalen awer och internationalen Designer d’Méiglechkeet bidden, hir Kreatiounen ze weisen. No enger Renconter op der Fashion Week d’lescht Joer, war d’Decisioun séier gefall zesummen ze schaffen, erzielt si: "Fir mech war dat natierlech eng super Opportunitéit, fir eng Lëtzebuerger Creatrice hei bannen ze hunn well ech effektiv bal nëmmen Auslänner hat. Ech sinn immens frou, d’Kollektioun ass wierklech formidabel.

Wat dem Francine ganz wichteg ass: elegant mee gemittlech sollen hir Kleeder sinn. Eppes, wat hir als Affekotin gefeelt hätt. Ma de Wee vun der Iddi bis bei dat fäerdegt Kleedungsstéck wier laang. Et wier ee séier bei iwwer 6 Méint bis ee Kleed prett wier, erkläert d’Designerin.

Doheem an hirer Stuff entwéckelt an test d’Francine Keiser hir Iddien. Déi néideg Kenntnisser dofir kritt si vun enger Paräisser Online-Moude-Schoul mat op de Wee. Dräi Joer laang dauert d’Beruffsausbildung, an där d’Francine quasi bei Null ugefaangen huet.

Francine Keiser: "Dat war fir mech alles ganz nei an ech muss soen, ech hu mol guer net realiséiert, dass ech dat iwwerhaapt kéint. Ech hu geléiert zeechnen, wat ech ni gutt konnt, an natierlech geléiert bitzen a Patrone maachen. Et ass fir mech vun Null op Honnert gewiescht!"

Molen a bitzen, administrativ Aarbecht, Marketing, Relatioune mat Fournisseuren - dat alles gehéiert haut zu hirem Alldag, deen de komplette Contraire ass, vun deem als Affekotin. "Dat Schéinst ass, ech erwäche Moies mat mengen Iddien – ech hu ganz oft eben e Flash vun eppes, wat ech wëll maachen– an ech hunn dann dee Luxus, ech stinn op a kann dat direkt kreéieren", erzielt d’Francine begeeschtert. Well Zäit hat si an hirem fréiere Beruff nämlech net, aner Interessen awer schonn. "Ech hu relativ séier gemierkt, dat ass ganz schwiereg iwwerteneen ze kréie mat där Aarbecht, déi awer op d’mannst 110% Presenz verlaangt. Esou dass ech mir sot, 'ok ech maachen dat awer gär, dann ass d’Léisung ech maachen dat bis an d'Hallschent vu mengem Liewen an duerno huelen ech mir Zäit, fir déi aner Saachen, déi mir awer och wichteg sinn’”.

31 Joer laang huet d’Francine an enger grousser internationaler Etüd geschafft, am Beräich vun den Investmentfongen. Si war souguer Associée an huet hiren Job mat vill Freed gemaach, betount si. Ëmsou méi grouss war d’Iwwerraschung an hirem Ëmfeld, wéi si decidéiert huet e Schlussstréch ënnert hir Karriär ze zéien. Eng berufflech Ëmorientéierung wier awer eigentlech net geplangt gewiescht, esou d’Francine. Si wier do era gerutscht, nodeems si u sech just eppes Neies erliewen a léiere wollt. Den "Déclic", wéi si seet, wier bei engem Defilé vun der Moude-Schoul komm. Géint 500 Kandidaten huet d’Francine sech duerchgesat an ass schlussendlech an der Finall op der éischter Plaz gelant mat hirer Kollektioun. Vun do un huet den Éiergäiz si gepaakt. Si huet hir Mark an d’Liewe geruff, en Online-Shop gegrënnt a wëll net dobäi stoe bleiwen.

Hiren neiste Projet: En eegene Concept Store an der Stad. Nach ass en net prett, ma zesumme mat hirem Geschäftspartner Henrik Obel plangt si ee Konzept, wou deemnächst Designer aus de verschiddenste Beräicher hir Kreatioune sollen ausstellen a verkafe kënnen – sief dat Moud, Konscht oder Miwwel. Eng grouss nei Etapp, ma de Risiko schreckt d’Francine net of.

Francine Keiser: "Ech mengen et ass eng Saach vu Charakter. An ech hunn dee Charakter, fir gär nei Challengen ze hunn, fir Entrepreneur ze sinn. Et ass awer net einfach, well et ass en enorm grousse Schrëtt. Et ass e grousse Schrëtt fir eng Karriär hannert sech ze loossen an eng nei unzefänken. An et ass e groussen Investissement – vu sech selwer awer och finanziell. Et ass kloer, ech maachen dat nëmme well ech un eng Reussite gleewen."

An och an Zukunft wëll d’Francine weiderhin Vollgas ginn. Dat nächst Zil wier et och am Ausland ze verkafen, erzielt déi ambitiéis Fra. Wéi och ëmmer et mat hirer neier Karriär weider geet, ass eppes scho mol kloer: D’Francine Keiser mécht dat, wat hir Spaass an Erfëllung bréngt. An dat ass wuel dat gréissten Zil, wat een am Liewe kann erreechen.