Dëse gouf den 11. an 12. Juni zu Biekerech an der Millen ofgehalen. Iwwer eng Dosen Aussteller aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch ware mat dobäi.

Lancéiert gouf de "Salon du bien-être alternatif" vum Thierry Roland. "Je pense qu’il faut changer un peu le 'mindset' des gens. On a des personnes qui sont en souffrance et ils font souvent recours à des médicaments qui net sont pas très bon pour la santé à long terme. Par contre, il y a d’autres méthodes beaucoup plus 'nobles' qui viennent de nos ancêtres et qui permettent de régler certain problème", esou den Initiateur.

D'Iddi, all déi alternativ Methoden op enger Plaz virzestellen, war him schonn 2019 komm. Wéinst der Pandemie hu si hir Première awer musse verréckelen. Leschte Weekend war et dunn endlech esou wäit.

Am Ganze waren eng Dosen Aussteller aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch ugereest, fir hir Stänn zu Biekerech an der renovéierter Millen opzeriichten. Niewent de Stänn hu si och eng Rëtsch Atelieren, Demonstratiounen, Concerten a Konferenzen ofgehalen. Vu Yoga a Meditatioun iwwer Dramdeitung a Kollektivhypnos bis hin zu Sophrologie a "Schmauen" - d'Methoden, déi virgestallt goufen, waren diversifiéiert.

Fir eise Reportage war eis Journalistin sech de "Salon du bien-être alternatif" ukucken an huet och déi eng oder aner Method ausprobéiert.