Et ass déi éischte Kéier, datt déi nei kreéiert Maison du Grand-Duc hire Rapport d'activités publizéiert huet.

Aktivitéitsrapport Maison du Grand-Duc/ Rep. Jean-Marc Sturm

Am 132 Säite laangen Dokument ass schrëftlech an a Biller festgehalen, wéi eng Aktivitéiten d'groussherzoglech Famill am Joer 2021 alles hat. Dëst geet vu Entrevue mat anere Staatscheffen, iwwer Visitten am In- an Ausland bis hin zum sozialen Engagement vun der Famill. Ma och ginn et Detailer iwwert de Budget an d'Fraisen, déi d'Maison du Grand-Duc am leschte Joer hat.

A sengem Message am Rapport vun der Maison du Grand-Duc setzt de Staatschef op Transparenz. Hien erënnert awer och un dat aktuell schwieregt internationaalt Ëmfeld. Am Rapport gëtt ee gewuer, wéi eng Staatsleit oder Gäscht bei de Grand-Duc koumen oder ëmgedréint. Zum Beispill war et eng Visitt beim däitsche President Steinmeier.

Op nationalem Plang waren et 11 Gespréicher mat der Regierung an d'Aktivitéite vum Haff a Saache Covid-Pandemie mat zum Beispill Visitten an Impfzentren.

Aner Rendez-vousen haten en europäeschen Touch mam Ursula von der Leyen, der EU-Kommissiounspresidentin oder nach dem EU-Conseilspresident Charles Michel. Ee besonnescht Kapitel am Rapport kritt de Prënz Charel.

Da kënnt nach dat léift Geld. Et waren eppes iwwer 9,5 Milliounen u Personalkäschten an Zousazpensiounen. Fir Policedéngschter huet een 3 Milliounen ausginn, fir d'Arméi 740.000 Euro, d'Administratioun fir ëffentlech Gebaier krut 611.000 Euro. Am Ganzen op deem Poste 14,4 Milliounen.

Fir d'geschriwwe Press, d'Dokumentatioun an d'Kommunikatioun steet de Chiffer 111.000 Euro.