2022 hunn zwee Restauranten zu Lëtzebuerg e Michelin-Stär kritt. Een dovunner ass de jonke Fransous Julien Lucas.

Wann een e bis huet, da muss een en och bis halen. Gewënnt een als Kach e Michelin-Stär, dann ass een an der Liga vun deene ganz Groussen ukomm. D'Leit fänken un iwwert een ze schwätzen an d'Lëscht vun de Clientë gëtt ëmmer méi laang. Ma dat heescht awer och méi Drock. Well elo gëllt et sech Joer fir Joer op en Neits ze beweisen.

Dëst Joer hunn zwee Restauranten hei am Land de Stär kritt. Een dovunner ass de jonke Fransous Julien Lucas, deen virun zwee Joer mat senger Fra op Lëtzebuerg koum, fir déi d'Villa op der Polvermillen ze iwwerhuelen. Dobäi ware si ganz iwwerrascht, well si zwar eng Invitatioun kruten, fir op d'Präisiwwerreechung ze goen, ma bis hiren Numm genannt gouf, wousste si net, dass si de prestigiéise Stär gewonnen hätten. Elo heescht dat fir si awer emol ganz vill Aarbecht, well si wëllen hir Stammclienten an och déi nei Clienten net enttäuschen.