Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d'Musek, Bicher iwwer Lëtzebuerg an den Triathlon.

De Louis Wright ass de Weekend als Museker vill gefrot, e Samschdeg zu Diddeleng op der Fête de la Musique mat "Superdrive", an e Sonndeg mat de "Surf Cowboys" um "Open Air Belval meets OPL".

1993 koum mat der CD "Put the peanuts in the Pussy" e neie Player op der Lëtzebuerger Museksmaart. D'Museksrichtung vun de Surf Cowboys ass schwéier ze definéiere well se immens villsäiteg sinn, awer mat Lidder wéi "Nowhere to go", "Not the way" an "Believe it or not" hu se definitiv en Ouerwuerm gelant deen sech bis haut gehalen huet. Mam Baba Pintsch (Ex Michael Shepherd Band) a Steve Schmit (Ex one million bands) steet de Louis e Samschdeg als Trio mat "Superdrive" op der Bün vun der FDLM.

RTL

De Louis Wright.

De Fotograf Marc Schoentgen huet en A fir Detailer a bréngt fir Nationalfeierdag e Buch an eng Trilogie eraus. Hien ass bekannt duerch Bicher wéi "Schengen - en europäescht Wënzerduerf" (2010), de Bildband "Vun der Rief zum Wäin" (2011) an dem "Lëtzebuerger Wochekalenner" (2012). 2015 huet den Auteur zesumme mam Pierre Even "Die Dynastie Luxemburg-Nassau 1890-2015"  erausbruecht dat 2016 mam "Lëtzebuerger Buchpräis" ausgezeechent gouf.

2021 war et de Bildband "Schlass Biertreng - Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht" an rezent koum bei den Editions Schortgen d'Buch "Die grossherzoglichen Residenzen - neu entdeckt" eraus, dat hie mam Pierre Even zesummegestallt huet. En aussergewéinleche Kaddo ass och d'Trilogie "Les Anges de l'Hôtel de la Chambre des Députés" déi op 50 Exemplairë limitéiert, nummeréiert a signéiert ass.

RTL

Den Triathleet Eric Wagner ass mat 37 an der Sportlerpensioun, awer fir d'Ile aux Clowns gëtt hien nach emol alles beim "Tri de Luxe". Ganz nom Motto "nëmmen onméiglech ass méiglech" wäert hien no Nationalfeierdag an dräi Deeg 435 Kilometer fir de gudden Zweck zréckleeën. Fir dësen ambitiéise Challenge huet de Sportler vun der Musel sech Hëllef gesicht. Bei de 35 Kilometer schwamme gëtt hie begleet vum Paule Kremer a Christine Maillet. Bei den 315 Kilometer um Vëlo fiert hien zesumme mam Laurent a Lex Reichling a bei de 85 Kilometer lafen huet hien eng Community ronderëm sech aus Runner vu Fat Betty, déi reegelméisseg duerch d'Stad Lëtzebuerg lafen. https://www.youtube.com/watch?v=FUiTUkvW2KU

RTL

Den Eric Wagner.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.