Nationalfeierdag ass och an der Philharmonie eng méi lass.

Wie scho Biller gesinn huet, weess dass do d'Uergel an de Rescht ronderëm ëmmer voll mat Blummen dekoréiert sinn. Mä wat fir een Opwand stécht dohannert a wéini musse se am Virfeld ufänken, fir dass d'Blummen herno net de Kapp hänken loossen?

Fir dass alles all Joer klappt, geet et schonn 3 Deeg am Viraus lass. E Camion voller Blummen, Backen an aner Dekoratioun-Artikele sollen e Mëttwoch am groussen Auditorium an der Philharmonie ubruecht ginn, dofir sinn awer 8 Fleuristinnen am Asaz. 3 Deeg laang gëtt dru geschafft.  Dës Schaff-Intervallen hunn awer domadder ze dinn, dass d'Blummen herno nach frësch sinn respektiv déi, déi zou waren, dann an der Bléi sinn. Do stécht e ganzen Know-How dohannert, fir dass herno déi 1.500 Blummen net de Kapp hänke loossen. Netzen, besprëtzen an déi richteg Raumtemperatur sinn do extrem wichteg.

Wat zielt ass d'Resultat an dofir ginn déi eenzel Blummen eréischt op der Plaz gebotzt. Blumm fir Blumm.

Et sinn ëmmerhi 1.500 Blummen, déi eenzel agestach musse ginn, och fir bei de Museker ass eppes geplangt, och do stécht e ganzt Konzept hannendrun. Eng kënschtlech gréng Wiss mat ville Blummestäck a Blumme sollen hei eis national Faarwe representéieren.

2 Méint am Viraus gouf geplangt, 3 Deeg virum Feierdag ugefaangen, 4.300 Schnëtt-Blummen, 800 Planzen, 8 Fleuristinnen an 3 Leit fir den Transport. All Joer nees eng Erausfuerderung fir d'Ekippen. D'Resultat, dat weise mer iech nach net, et soll jo spannend bleiwen. A ganz wichteg nach, no de Feierdeeg ginn d'Blummen integral un d'Altersheemer verdeelt.