Fir d’Rubrik "Weess de Wat" vun eiser Kanna-TiVi-Emissioun krute mer mat engem Grupp Kanner eng exklusiv Visitt.

Si goufe vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse héchstperséinlech duerch de Palais gefouert a sinn dann och dat eent oder anert Geheimnis gewuer ginn. Zum Beispill wou et iwwerall Geheimdiere gëtt a firwat och eng Kaart vu Kuba un der Mauer hänkt. Fir d‘Kanner ee ganz spannenden Dag, well eis Nowuessreporter konnten och nach hir Froen un déi Groussherzoglech Koppel stellen.