Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de fréiere Greffier aus der Chamber, de Fräiraim Festival an der Stad an d'Maker Fare zu Rouspert.

De Pierre Dillenbuerg mécht sech fir säin 80 Gebuertsdag selwer e Kaddo mam Buch "Rencontres". De fréieren Greffier aus der Chamber deen do 35 Joer laang an de Kulissen vum héijen Haus geschafft huet, ass awer virun allem duerch seng aner Talenter bekannt. Säin Interessi fir d'Monarchie, déi gutt Manéieren, säin sozialen Engagement awer och de savoir-vivre hunn hien am ganze Land bekannt gemaach. 46 Joer ass den Dill mam Roland Huebsch zesummen an zanter 2015 sinn se matenaner bestuet. Zesummen reesen se gären a si frou mat hiren zwou Kazen.

RTL

De Serge Schonckert suergt dëse WE derfir, dass 600 Musekerinnen a Museker wärend 3 Deeg 60 Concerten spillen. Dofir stinn 6 Bünen bannen a baussent der Philharmonie zur Verfügung, wou e Programm fir all Museksgôut gebuede gëtt. Pop- Rock awer och Jazz bis Elektro a Klassik maachen de gesonde Mix aus. De Fräiraim Festival war schonn fir 2020 geplangt wou de 15ten Gebuertsdag vum Haus gefeiert gi sollt, awer och 2 Joer méi spéit dierf een sech elo op Profien an Amateuren vun heiheem an aus der Groussregioun freeën.

RTL



Den Joao Martins invitéiert muer an e Sonndeg op d'Maker Fare zu Rouspert wou een e Mix aus Joermaart a Wëssenschaftsfoire erwaart. Eng flott Adress fir all grouss a kleng Kniwweler a Maker. Entdeckt beim Tudor Musée d'Finaliste vum "Self eSTEAM Challenge" a vum "Luxembourg Youth Robotic Challenge". Begéint kreativ Käpp an entdeckt rezent Projeten an genial Erfindungen. Et ass souguer ausdrécklech erwënscht bei den Aarbechts- an Handwierksatelieren op der Plaz aktiv ze ginn, an den Entrée ass fräi.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.