Hie koum aus dem Weesenhaus an huet sech als Grënner vun der italienescher Luxusmark Luxottica zu engem vun de Räichsten an Italien entwéckelt.

Elo ass de Leonardo Del Vecchio, zweeträichste Mann an Italien, am Aler vu 87 Joer un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen. Dat huet seng Firma e Méindeg matgedeelt. Hie war de Grënner vun der Luxusbrëllemark Luxottica, mat de Marken Ray-Ban an Oakley.

De Landsmann an EU-Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni huet den Del Vecchio op Twitter als "groussen Italiener" gewierdegt. Hie wier aus dem Weesenhaus komm an zum Herrscher vun engem Handelsimperium opgestigen.

De Leonardo Del Vecchio ass 1935 an eng aarm Famill gebuer ginn. Mat 14 Joer huet hien ugefaange mat schaffen, als einfachen Aarbechter an engem klenge Brëllewierk. 1961 huet hie seng eege Firma Luxottica gegrënnt, an där Deeler an Accessoirë fir Optiker produzéiert gi sinn. 1971 huet Luxottica du seng éischt eege Brëller presentéiert an 1974 gouf den Eenzelhandel beliwwert.

1990 hat d'Mark esou vill Succès, dass d'Firma zu New York un d'Bourse gaangen ass. Den Del Vecchio huet herno Lizenzaccorde mat wichtege Moudelabelen ofgeschloss, wéi Chanel, Prada oder nach Versace. D'Mark Ray-Ban huet hien opkaaft an 2017 koum d'Fusioun mam franséische Produzent Essilor dobäi. Den Del Vecchio war bis zum Schluss am Verwaltungsrot vu senger Firma.
"Forbes" schätzt säi Verméigen op 27,3 Milliarden Dollar - ëmgerechent also bal 26 Milliarden Euro. Fir säin 80. Gebuertsdag huet hien all senge Mataarbechter Aktien am Wäert vun 9 Milliounen Euro geschenkt mat der Ausso, dass si et sinn déi de Succès vun der Firma ausmaachen.