Dat gëtt eng deier Visitt bei engem Luxusautohändler fir de Ben Affleck a seng Verloobten Jennifer Lopez.

D'Sängerin Jennifer Lopez, den US-Schauspiller Ben Affleck a säi Jong aus dem éischte Bestietnes waren zesummen zu Los Angeles bei engem Luxusautohändler, fir sech ëmkucken. E giele Lamborghini Urus hat hinnen et besonnesch ugedoen a si wollten zesummen eng kleng Testfaart maachen.

Ganz traditionell huet de Ben Affleck och dës Testronn mam potentiellen neie Won gemaach, ma hien huet och säin 10 Joer ale Bouf sech emol kuerz hannert d'Stier sëtze geloosse. Domm war dobäi just, dass de Motor nach gelaf ass. Kuerz drop koum et och schonn zum Malheur: den Auto huet e Saz no hanne gemaach a krut dobäi en anere geparkten Auto ze paken. Et soll sech dobäi ëm e wäisse BMW gehandelt hunn.

Vun offizieller Säit gouf dat Ganzt souwuel vum Concessionnaire, nach vun der Medievertriedung vum Ben Affleck net grouss kommentéiert. Et hätt kee Schued ginn an et géing jidderengem gutt goen.