Airbnb hat am éischte Joer vun der Pandemie fir sämtlech Hebergementer weltwäit e Party-Verbuet agefouert. Vun elo un ass dat eng fix Richtlinn.

Déi beléifte Vermëttlungsplattform fir Vakanzewunnengen an Haiser Airbnb huet also e permanent Party-Verbuet agefouert. Bis ewell war zesumme feiere wéinst der Coronapandemie temporär a Kraaft, ënner anerem wéinst de Lockdown-Reegelen a verschiddene Länner. Zanter der Aféierung am August 2020 sinn d'Meldunge wéinst illegale Partyen all Joer ëm 44 Prozent zeréckgaangen. Et louch deemno no, dass esou stéierend Evenementer oder aner Versammlunge souwéi bekannte "Party-Haiser" vun elo u fir ëmmer streng verbuede bleiwen.

Ännerunge ginn et dann och, wat d'Unzuel vun de Leit betrëfft, déi zesummen en Haus loune kënnen. Do gouf et bis ewell nach ëmmer eng Extrareegelung. Elo dierfen awer nees bis zu 16 Leit an engem Airbnb-Objet zesummekommen. Ma och do gëllt sech un d'Party-Reegel ze halen, an dat heescht keng Party. Wie sech net drun hält, riskéiert Strofen an dat geet vu Kontospärunge bis hin zum kompletten Ausschloss vun der Plattform. Eleng 2021 goufe weltwäit iwwer 6.600 Gäscht vun Airbnb gespaart, well si sech net un de Verbuet gehalen hunn.

Hannergrond vum Verbuet wärend der Pandemie war, well d'Caféen a Baren entweder ganz zou haten oder ee sech huet missen un de Couvre-feu halen. Dat hat dunn nees als Konsequenz, dass d'Leit sech an Airbnb-Hebergementer getraff hunn an do zesumme gefeiert hunn. Deemno war déi Reegel agefouert ginn "am beschten Interessi vun der Gesondheet", elo gëtt se permanent agefouert am beschten Interessi zu den Noperen, respektiv fir de Respekt an d'Rou vun den Noperen net ze stéieren an ze fërderen, wéi Airbnb wësse gedoen huet.