Wat méi grouss, wat besser. Dat kann ee beim Modellbau net onbedéngt behaapten. Do gëtt probéiert, fir dat Grousst am Klengen nozebauen.

A wann dann och nach een Motor dran ass, an et kann een domat fueren, jo da schléit dem Modellbauer säin Häerz méi séier.

De Schëffsmodellbau ass aus där Zuucht nach eng méi speziell Zort, well wann ee beim Auto oder dem Fliger soe kann, Telecommande un an lass, huet ee beim Schëff direkt d'Contrainte vum Waasser. An d'Bidden doheem oder och villäicht nach de Weier oder Pool am Gaart loossen een net wierklech grouss Ronnen dréinen. Ma fir genau déi Clientèle gëtt et zu Monnerech eng Plaz, déi just fir Modellbooter geduecht ass. Beim Schëffsmodellbau Club zu Monnerech kënne se op eng méi wéi 40 Joer laang Traditioun zielen. Ma virun 30 Joer hu se do selwer d'Schëpp an d'Hand geholl well se keng Plaz haten, fir mat hire Booter kënnen ze fueren. Esou ass aus der Sékelserbaach ee Weier ginn, an all Joers kann een elo zanter 30 Joer Summerfest feieren, an de Leit zesumme mat Passionéierten aus der Groussregioun hiren Hobby méi no bréngen.

Niewent de Schëffer, fir déi Dausende Stonnen u Knéchelereien drop ginn, bis dass all Schrauf selwecht ass wéi beim Original a Liewensgréisst, gëtt de Moment och eng Streck fir Offroad a Camione gebaut. Do kann dann och den Nowuess üben a kritt am Atelier eng Hand ugepaakt, fir dass de Fonke vun der Passioun un dësem Hobby och iwwerspréngt.