Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Musek an ëm d'Hëllefsorganisatioun "Aide philippines".

Den Al Ginter suergt den Owend zu Garnech fir Stëmmung mam Fausti senge schéinste Lidder. Ënnert dem Motto "Eng schéin Zäit" gëtt e Freideg den Owend dat 50. Garnecher Hamefest lancéiert, wou den "Al Ginter Fiesta Orchestra" zesumme mam Änder Hirtt un den Entertainer erënneren, deen eis den 20. Februar 2021 mat 80 Joer verlooss huet. Et soll en Owend ginn, wou ee wéi fréier nees richteg danze kann, mat de beschte Lidder vu sengen Albumen 'Fiesta mam Fausti', 'T as Kiirmes am Duerf' oder Spektakel. 2014 hat hien zesumme mam Jang Linster säi leschten Album 'Raschte kanns de dono' erausbruecht. Zanter 1987 huet de Fausti reegelméisseg zu Garnech gespillt, an elo iwwerhuelen den Al Ginter an aner Top-Museker dës Roll. www.garnechermusek.lu

RTL

Den Daniel Schuhmacher huet 2009 DSDS gewonnen a kënnt e Sonndeg 10. Juli op d'Luxembourg Pride. Den däitsche Sänger a Songwriter hat sech mam Lidd "Ain't No Sunshine" vum Bill Withers gemellt an huet um Enn déi 6. Staffel vun der Castingshow gewonnen. Mat sengem Debutalbum "The Album" koum hien op Plaz 1 vun den däitschen an éisträicheschen Charts a krut a béide Länner e gëllenen Disk. De Schuhmacher mellt sech och reegelméisseg ze Wuert iwwer d'Liewen a wat et bedeit, als homosexuelle Mann an enger Klengstad grouss ze ginn. 2014 huet hie sech geout a mat "You are alive" wëll hie seng Gefiller an engem Lidd erëmginn.  www.luxembourgpride.lu

RTL

Den Olivier Conrardy huet 2012 "Aide philippines" an d'Liewe geruff a sammelt dëse Weekend Suen zu Hitten. Wéi de 15. Oktober 2013 en Äerdbiewe vu 7,5 op der Richterskala den Archipel gerëselt huet, koum e puer Deeg drop, Freides den 8. November 2013, den nächste Schlag. De Super Taifun Yolanda huet Biller vun der Zerstéierung hannerlooss. Dausende vu Leit stierwen an iwwer 3 Millioune verléieren hir Haiser. Dat war beim Olivier den Ausléiser, fir Hëllef zu Lëtzebuerg z'organiséieren, fir dat Néidegst z'organiséiere wat sur place gebraucht gouf. Aus där Iddi gouf eng asbl an dëst Joer eng ONG mat ca 30 Fräiwëllegen, an dëse Weekend ginn um "Kaumahan Festival" Sue gesammelt, fir dass d'Hëllef weidergeet. www.kaumahan.lu

RTL