De Loïc Juchem huet dëse Beruff een Dag laang ausprobéiert an huet séier gemierkt, datt e gutt Stéck Fleesch vill Aarbecht bedeit.

Schonn nëmmen, wann et drëms geet, eng gutt Ham ze preparéieren oder eng Kotlett richteg ze schneiden, brauch een déi néideg Kraaft an et kann een net einfach mam Messer drop lass schneiden. De Guy Kirsch ass schonn als Kand op de Bauerenhaff hëllefe gaangen an huet schonn a jonkem Alter geléiert, wéi een d'Déiere richteg schluecht. De Respekt vis-à-vis vun den Déieren ass him bis haut immens wichteg an ass och noutwenneg, fir e gutt Stéck Fleesch ze kréien. Zu Äischen hat deemools alles ugefaangen, ma an de leschte Joren huet hie sech zu Lëtzebuerg säin Dram erfëllt an ass mëttlerweil de Bedreiwer vun 10 Metzlereien an 2 Restauranten.

De Guy Kirsch hëlleft awer nach ëmmer gären an der Metzlerei a weist dem Loïc am Reportage, wéi ee Rouladë richteg wéckelt, d'Ham schneit a wéi ee seng Produiten duerno och gutt verkeeft. D'Vente ass nämlech besonnesch wichteg, zum Deel och komplex a gehéiert och zum Beruff vum Metzler.