Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm d'Metal-Formatioun Metallica, Poppen an iresch-schotteschee Pop.

Den Thomas Dahl sammelt net just Poppen, hie fléckt se och wann et si muss. De Poppendokter ass en unerkannten Expert fir Käthe Kruse-Poppen. Am Laf vun de Joren huet hie verschidde Fachbicher erausbruecht a fléckt antik an zäitgenëssesch Poppe mat vill Erfolleg sou dass hien sech an der Zeen e gudden Numm gemaach huet. 1993 huet hien den éischte Sammlerkatalog erausbruecht wou och eng Präislëscht dran ze fanne war. An engem klenge Geschäft huet en seng grouss Sammlung gewisen a verkaaft, awer well hie séier iwwerlaf gouf ass hien dunn op Bonn-Beuel an d'Akafsstrooss geplënnert wou hie genuch Plaz hat fir Spillpoppen, Konschtpoppen, a virun allem Käthe-Kruse-Poppen auszestellen.

De René Clement ass e grousse Metallica-Fan, an huet dat mat villen Zeechnunge bewisen. Hien reest der Band no, a versicht bei sou ville Concerte wéi méiglech derbäi ze sinn. Iwwer 50 Optrëtter huet hie materlieft. De René huet et awer net just mat hirer Musek mä verbënnt och säin Talent well zanter hien denke kann, moolt hien. Virun allem a Fanclub-Kreesser sinn dem Clement seng Motiver beléift a gesicht. Hien krut schonn Ufroe vun der ganzer Welt aus Australien, dem Chile a Costa Rica an och d'Bandmembere wéi de Gittarist Kirk Hammett wësse Bescheed, deen a senger Gittare-Këscht e Schëld aus Blech vum René vu Schëffleng huet.

D'Eileen Byrne mécht iresch-schottesche Pop a gëtt e Mëttwoch e Concert mat der Band "The Lone Dining Society" am Kasemattentheater. Eng nei Band déi de Komponist Ian Chapman an d'Liewe geruff huet an e Mix aus akusteschen an elektreschen Instrumenter verbënnt. D'Eileen huet schonn als Teenager Lidder a Musical geschriwwen. No der Première an der Europaschoul an e puer Praktika bei Filmproduktioune goung et op München als Script Supervisor. Entretemps konnt een och schonn e puer Kuerzfilmer vun hier gesinn an den Documentaire "Kayane" gouf 2021 op France TV an RTL gewisen. Am Juni 2022 ass d'Serie "Brotrebellen" op ARTE gelaf an nieft dem Film séngt d'Eileen elo an der Folk-Pop-Band "The Lone Dining Society" an dirigéiert d'Filmchorale "Die Vögel".