Alkohol gehéiert fir vill Leit zu engem summerlechen Owend dozou. Mä Experte warne viru kierperleche Malaisen bei grousser Hëtzt.

Vill Leit hunn opgrond vun den erhéichten Temperature Kreeslafproblemer, déi am schlëmmste Fall zur Bewosstlosegkeet féiere kënnen. Dëst, well d'Odere sech ausdeenen, wat gläichzäiteg de Bluttdrock fale léisst an dem Kierper Flëssegkeet entzitt. Och den Alkohol deent d'Oderen am Kierper aus, wat deemno déi gläich Symptomer mat sech zitt.

Alkohol an héich Temperaturen a Kombinatioun kënne gravéierend Suitten hunn. Besonnesch geféierlech ass de Wasserverloscht an d'Mineralien, déi dowéinst dem Kierper feelen. De Kierper kéint doduerch net méi richteg schweessen an een dowéinst net méi virun der Hëtzt schützen. Falls een eppes géint den Duuscht wéilt maachen, da recommandéieren d'Experten entweder Waasser, ongeséissten Téi oder isotonescht Gedrénks.

Experte recommandéiere fir Fraen deeglech héchstens 12 Gramm rengen Alkohol ze konsuméieren, wat ongeféier engem Mini entsprieche géif. Fir Männer gëllt Recommandatioun vu 24 Gramm, wat engem hallwe Liter Béier, bezéiungsweis zwee Glieser Wäi géif entspriechen. Doriwwer eraus solle souwuel Mann als och Fra op d'mannst zwee Deeg an der Woch keen Alkohol drénken.