D'Stiftung Warentest huet Wurschte geschmaacht a se no de Krittären "Goût", "Ëmweltfrëndlechkeet" an "Inhaltsstoffer" bewäert.

Wann et ëm d'Wurscht geet, wéi eng hëlt een dann? Déi meeschte Mënsche gräifen dobäi ëmmer nach op déi traditionell Wurschten aus Fleesch zréck. Mä ëmmer méi trendy gi vegan a vegetaresch Alternativen. Kënnen dës Wurschte mat den traditionelle mathalen oder sinn déi gutt al Wirschtercher ëmmer nach de beschte Choix? D'Stiftung Warentest huet dëst getest.

21 Wurschte goufe vun der Stëftung gepréift. Am Ganze goufe 14 Fleesch-Wirschtercher an 8 vegan oder vegetaresch Alternative getest. Vum "Goût" hir, sou heescht et am Resultat vun der Stëftung, kënnen d'Ersatz-Produiten dacks net mathalen, dofir wieren déi vegan a vegetaresch Varianten awer méi gesond a besser fir de Klima. Nëmmen zwee vun deenen, déi vum Goût hier gutt waren, ware vegetaresch oder vegan Alternativen, sou d'Stëftung. Et konnten och just zwee Fleesch-Wirschtercher beim Test mat "Sehr Gut" ofschneiden, allerdéngs goufen d'Fleesch-Wirschtercher am grousse Ganzen an der Kategorie "Goût" däitlech besser bewäert wéi déi alternativ Produiten.

Dofir waren d'Veggie-Wurschten, wou dacks Raps- oder Sonneblummenueleg dran ass, Ernierungs-psychologesch gesinn, awer besser wéi déi aus richtegem Fleesch, a manner Kuelestoffdioxid hu se och bei der Produktioun ausgestouss. Doriwwer eraus sollen d'vegan Alternative vun den Inhaltsstoffer och vill méi gesond sinn wéi d'Fleesch-Wurschten.

D'Stiftung Warentest faasst zesummen, dat d'Wurschten aus Fleesch an der Kategorie "Goût" de klore Gewënner sinn, wougéint se sech an de Kategorien "Ëmweltfrëndlechkeet" an "Inhaltsstoffer" de veganen a vegetareschen Alternative musse geschloe ginn.