ZAM ass aus dem éisträicheschen ofgeleet a bedeit souvill wéi "Zesummen". Genee dat sinn eng 400 Jonker vun de "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" zu Kärnten.

De Camp "Zam" war wéinst de Covid-19-Restriktiounen ofgesot ginn a gëtt aktuell nogeholl.

D'Lëtzebuerger Scouten sinn op der Campingsplaz "Techuana", déi eng vun den 3 SCENES-Campingsplazen an Éisträich ass. SCENES steet fir: Scout Center of Excellence for Nature, Environment and Sustainability.

Camp-Cheffe sinn d'Julie Weicker (Cents) an de Basile Dell (Kiem).

Wärend dem ganze Camp hunn d'CaraPio (Caravellen a Pionéier) d'Méiglechkeet, hir Campingsplaz esou ze gestalten, wéi si sech dat wënschen a virstellen. Dëst zum Beispill duerch e gemeinsamen Iess-a Kacheck, fir esou an den Echange mat deenen Aneren ze kommen.

Spannend "Action"-Aktivitéiten sinn zum Beispill Rafting, Kayak, Kanu, SUP an e Bësch-Seel-Park. Um Camp selwer bidden och d'Cheffe verschidden Aktivitéiten un (Bou schéissen, Fussball, Ultimate Frisbee, Volleyball, Wikingerschach, etc.).

Nieft enger Stad-Visitt an déi slowenesch Haaptstad Ljubljana ass den Highlight vum Camp awer den Hike vun 2 Deeg an déi julesch Alpen a Slowenien mat Iwwernuechtung a Bierg-Hütten.

Den ZAM bitt also en Iwwerdaach wou d'CaraPio sech treffe kënnen an ënnert deem jidderee wëllkomm ass. Flott Aktivitéiten, de Summer am Réck, déi bescht Leit ronderëm sech an déi eenzeg, wierklech eenzeg richteg Aart a Weis, fir eng/en Guide/Scout ze campen: Am Zelt mat de Kolleegen an op enger selwer gebaute Kiche kachen. Alles dat, an nach vill méi ass den ZAM 2022!