De BBC-Chef Davie huet zougeséchert, dem Kannermeedchen Alexandra Pettifer en héije Schuedenersatz auszebezuelen an den Interview net méi ze diffuséieren.

27 Joer nom legendären Interview mam Prinzessin Diana wëll d'BBC dem fréiere Kannermeedche vun de Prënze William an Harry eng Entschiedegung bezuelen, dëst wéinst "falschen a béiswëllegen" Behaaptungen. De BBC-Chef Tim Davie huet en Donneschdeg zougeséchert, dem Kannermeedchen Alexandra Pettifer en héije Schuedenersatz auszebezuelen an den Interview net méi ze diffuséieren.

Ënner anerem gouf behaapt, si hätt eng Affär mam Trounfollger Prënz Charles gehat, wier schwanger vun dësem ginn an hätt dunn ofgedriwwen. Dem Alexandra Pettifer sengen Affekoten no waren dës Behaaptungen Deel vun engem Virwand vun der BBC gewiescht, fir een Interview mam Diana ze kréien.

Effektiv hat sech den deemools nach onbekannte Journalist Martin Bashir mat dubiéise Methoden den Interview mam Lady Di erschlach. Ënner anerem soll hien dem Diana sengem Brudder Charles Spencer gefälscht Kontenauszich gewisen hunn, déi beweise sollten, dass Mataarbechter vum kinneklechen Haff bezuelt ginn, fir d'Diana auszespionéieren. Doropshin huet si sech fir den Interview prett erkläert, an deem si ënner anerem iwwert hir Affären an hiert gescheitert Bestietnes mam Prënz Charles geschwat huet.

Och huet sech de BBC-Chef Tim Davie beim Prënz Charles a senge Jonge William an Harry "fir d'Aart a Weis mat där d'Prinzessin Diana getäuscht gouf an déi doraus resultéierend Auswierkungen op hiert Liewen" entschëllegt.