Et war d'Zeeche vum Triumph an engem vun de gréisste Boxkämpf vun der Geschicht: De Rimm, deen d'Boxlegend 1974 géint den George Foreman gewonnen huet.

1974 huet de Muhammed Ali am berüümte "Rumble in the Jungle"-Kampf de Weltmeeschterrimm géint den George Foreman gewonnen. Elo huet de Proprietär vun der NFL-Ekipp Indianapolis Colts, den Jim Irsay, déi historesch Auszeechnung gesteet. Op Twitter huet den Irsay geschriwwen, datt hien "houfereg wier, de Verwalter" vum Erënnerungsstéck ze sinn. Ze gesinn, kéint een de Rimm am August zu Chicago bei enger Ausstellung vum Jim Irsay, deen als Sammler bekannt ass.

De Präis fir d'Weltmeeschterceinture, dee bei der Stee vum Auktiounshaus Heritage Auctions zesumme koum, wier dem Site Sports Collectors Daily ee vun den héchsten, dee jee fir en Erënnerungsstéck aus der Welt vum Sport bezuelt gouf.

Am "Rumble in the Jungle" huet de Muhammed Ali géint de Foreman zu Kinshasa gewonnen, géint dee bis dohin ni ee gewonnen hat. Mam K.o. an der aachter Ronn huet den Ali sech d'Boxkroun am Schwéiergewiicht geséchert.