No enger Hochzäit, Hochzäitsrees a wärend engem Gebuertsdagsiessen zu Paräis gëtt et u sech kee Grond fir ze kräischen. Ob dat och de Ben Affleck wousst?

Paparazzien hunn déi frësch nees-bestuete Koppel Jennifer Lopez an Ben Affleck kuerz no hirer iwwerraschender Hochzäit zu Las Vegas am renomméierte Restaurant "La Girafe" entdeckt, grad zu engem Moment, wou de Schauspiller an Tréinen ausbrécht.

Éischte Sträit, kéint ee sech do froen?! Ma warscheinlech war dem Ben Affleck op eemol bewosst ginn, wat sech alles a kuerzer Zäit verännert huet. Schéngt et ze perfekt? Sinn et Tréine vu Freed? Alles deit op alle Fall drop hin, dass bei den Afflecks alles super ass: Libes-Comeback no 20 Joer, d'Famill nees vereent, Hochzäit an Hochzäitsrees am romantesche Paräis. Wat wëll ee méi?

Dat ass och senger Fra bewosst, déi de Ben Affleck an den Aarm hëlt an ëmmer nees ëmäermelt a kësst. Ob elo Sträit oder net, d'Koppel huet de Restaurant dono Hand an Hand verlooss, mat engem verléifte Laachen am Gesiicht.