Am Ganze goufe 780 Portraite vu bekannte Perséinlechkeete wéi dem Bob Dylan, dem Keith Richards, der Elizabeth Taylor oder dem Al Pacino verkaaft.

Dës goufe vun der brittescher Galerie Castle Fine Art ënnert dem Numm "Friends & Heroes" verkaaft. Een eenzele Portrait soll dobäi 3.950 brittesch Pond, ëmgerechent 4.700 Euro, kascht hunn. En Véierer-Set u Portraite soll iwwerdeems 14.950 brittesch Pond kascht hunn.

D'Biller hätten den Johnny Depp ageschränkt, esou d'Galerie an engem Schreiwes. Dowéinst hätt hie sech elo wëlle vun hinnen trennen, fir kënnen en Neiufank ze lancéieren.