De Corona-Lockdown huet wuel den Taux vun de Gebuerte bei eisen däitschen Noperen nawell gutt an d'Héicht gedriwwen.

Am Joer 2021 koume 795.492 Puppelcher op d'Welt, ronn 22.000 méi wéi dat Joer virdrun, sou dat statistescht Bundesamt e Mëttwoch zu Wiesbaden. D'Gebuerte si besonnesch am éischten an am véierte Quartal geklommen. Déi 9 Méint virdru ware jo wéinst dem Lockdown oder nach der Ausgangsspär mat villen Aschränkunge verbonnen. An anere Wierder, d'Leit hu méi Zéit wéi soss doheem verbruecht.

En aneren Effekt wier och duerch déi relativ stabil Situatioun um Aarbechtsmaart wärend der Pandemie zeréckzeféieren. Statistesch gesi wier et déi éischte Kéier zanter 2017, datt de Gebuertstaux nees an d'Luucht gaangen ass. Rechneresch gekuckt ass dee vun 1,53 Kanner pro Fra am Joer 2020 op 1,58 Kanner pro Fra am Joer 2021 geklommen.

Am Verglach vun de Bundeslänner ass de Gebuertstaux mat engem Plus vu 5 Prozent zu Baden-Württemberg am stäerksten, hannendru kënnt Bayern an Hessen mat engem Plus vu 4 Prozent. An den ostdäitsche Bundeslänner waren d'Koppelen dogéint manner aktiv, do gouf et just en Zouwuess vun 1 bis 2 Prozent. An Thüringen a Sachsen gouf et bei de Gebuerte souguer e Minus vun engem Prozent. An Niedersachsen war den Taux deemno am héchste mat 1,66 Kanner pro Fra, zu Berlin déi nidderegst mat 1,39 Kanner pro Fra.