D'Iddi soll dem 14 Joer jonken Neiséilänner Alexander Blong wärend dem éischten Covid-Lockdown komm sinn. No 50 Stonne war hie mat sengem Projet fäerdeg.

Fir an d'Guinness-World-Records-Buch stoen ze kommen, sollt dem Neiséilänner säin Zuch, deen am Ganzen 101 Waggonen zitt, zéng Meter iwwert de Buedem fueren. Dëse Versuch, deen am Mee lancéiert gouf, gouf an engem Video festgehalen, deen een op Twitter fanne kann.

Am August gouf op der Websäit vu Guinness World Records confirméiert, datt dem Jong säi Versuch als valabel gewäert gouf an, datt hien elo offiziell e Rekord opgestallt hätt. Géigeniwwer vum Guardian sot de Blong, datt hie ganz houfreg op säi Rekord wier, an datt hie sech bei sengem Projet um Film "Snowpiercer" inspiréiere gelooss hätt.