E Kleedungsstéck vun der Basket-Legend kënnt ënnert den Hummer. En Trickot, deen den Jordan 1998 wärend der NBA-Finall unhat.

Tëscht dem 6. an dem 14. September kënnen Interessente fir en Trickot vum Michael Jordan bidden. Net iergendeen Trickot, mä deen Trickot, deen de Basketballspiller wärend der NBA-Finall am Joer 1998 unhat. D'Auktiounshaus Sotheby's erwaart sech tëscht 3 a 5 Milliounen US-Dollar dofir, ëmgerechent 2,9 bis 4,9 Milliounen Euro.

De bis ewell deiersten Trickot ass dee vum argentinesche Futtballspiller Diego Maradona aus dem Joer 1986, dee fir 8,4 Milliounen Euro de Besëtzer gewiesselt huet.

1998 haten d'Chicago Bulls mam Jordan am éischte Match vun der Finall géint Utah Jazz gewonnen. Et war déi sechst a lescht Meeschterschaft vun der legendärer Nummer 23. Lescht Joer gouf eng Koppel Schong vun der Basketball-Legend fir 1,5 Milliounen Dollar versteet.