Op dësem 15. August ass et d'Fest vun der Mamm vum Jesus Christus. Zu Greiweldeng op der Musel gëtt d'Maria am Himmel gefeiert.

Dëse kathoulesche Feierdag gëtt ënner anerem och nach Léiffrawëschdag, Léiffrakrautdag oder Krautwëschdag genannt. An zanter 35 Joer gëtt Léiffrawëschdag zu Greiweldeng gefeiert, de Wësch gëtt geseent, awer och de Wäin an d'Brout.

Deemno stoungen all dës Produiten - Kraider, Kraut a Wäin - e Sonndeg am Mëttelpunkt vum traditionelle Fest.

Zanter e puer Joer scho gëtt zu Greiweldeng um Léiffrawëschdag och de Wäi geseent. Ursprénglech war d'Wäiseenung ëmmer op Stiefesdag, duerno um Kiermesdag, mä wéinst de Wiederkonditiounen am Wanter hätt een et dunn op dësen Dag verluecht.

De Wësch ze bannen, war dëst Joer eng Erausfuerderung: Bis viru 14 Deeg hätt een net genuch Kraider fonnt, fir genuch Wëschen ze hunn. E Sonndeg goufen nach 73 Wësche gebonnen, déi een e Méindeg fir 10 Euro kafe konnt.
Fir dëse speziellen Dag war och d'Wäikinnigin mat hire Prinzessinnen an der Rieslingskinnigin op Greiweldeng komm. E stramme Programm wäert nach op si duerkommen, bis am September déi nei Wäikinnigin gekréint gëtt.

Nieft deem offiziellen Deel gouf e Méindeg an de Stroosse vun der Miseler Stiedchen awer och gefeiert. Vill Leit haten de Wee op Greiweldeng fonnt. Op Léiffrawëschdag hu si sech e gemitterlechen Nomëtteg op der Musel gemaach.