Op den Toilettë vun enger Botzfirma aus dem däitsche Bestensee ginn net nëmmen d'Hänn, mä och Sue gewäsch. Eng Fra steet dowéinst elo viru Geriicht.

Tëscht de Joren 2005 an 2008 soll eng 49 Joer al Cheffin vun enger Botzfirma ganzer 1,2 Milliounen Euro ënnerschloen hunn. D'Geriicht zu Cottbus werft der Fra vir, d'Recettë vun den Toiletten op den Autobunne souwéi a Restauranten net richteg deklaréiert ze hunn. Dobäi soll si d'Drénkgeld vu de Leit net richteg gezielt a doduerch ze wéineg Steiere bezuelt hunn.

Dës Geschicht kéint der Fra allerdéngs deier ze stoe kommen. A Raum steet eng Prisongsstrof tëscht 6 Méint an 10 Joer, woubäi och nach eng Strof an Éisträich op d'Cheffin waarde kéint, deelt den Noriichtesender RBB mat

Domat kann een awer festhalen: Och mat klengem Geld, kann een dreckeg Geschäfter maachen!