Bannent nëmmen e puer Sekonne war vun der propperer Kleedung net méi vill ze gesinn. D'Outfitte vun den Touristen an den Awunner hu rout geliicht.

No zwee Joer Corona-Paus war et nees esou wäit. Dat beléiften "Tomatina"-Festival am spuenesche Buñol huet säi Comeback gefeiert. Mëttelpunkt vum traditionellen Event war eng Tomate-Schluecht. E Mëttwoch hu sech eng 15.000 Persoune mat 130 Tonnen Tomate beworf. Fir hir Ae viru Sprutzen ze schützen, haten eng Abberzuel Leit e Sonnen- oder Taucherbrëll un.

Den "Tomatina"-Festival kënnt awer net bei jidderengem gutt un. Vill Kritiker reprochéieren den Organisateure Liewensmëttelverschwendung. D'Tomaten, déi bei dësem Event an den Asaz kommen, ginn extra dofir geziicht, erkläert d'Tourismus-Beoptraagt vun der Stad Buñol, d'María Vallés. Dëse Festival géing ville Baueren hëllefen, iwwert de Wanter ze kommen, huet si weider betount.

Déi éischt "Tomatina"-Schluecht gouf et 1945. Deemools soll et zu engem Sträit tëscht e puer Awunner komm sinn. Séier wier d'Situatioun eskaléiert. Resultat war eng Tomate-Schluecht. Zanterhier gëtt d'Fest all Joer gefeiert an et ass mëttlerweil esou beléift, dass et esouguer a Kolumbien, Chile an an den USA imitéiert gëtt.