Den Ex-President huet mat sengem Optrëtt an der Dokumentatioun "Our Great National Parks" esou iwwerzeegt, dass hien en Emmy Award gewonnen huet.

Et ass net déi éischt Auszeechnung, déi de fréieren US-President an der Entertainment-Branche kritt huet. A Vergaangenheet hat hie schonn zwee Grammys fir d'Audioversioune vu sengen autobiographesche Bicher gewonnen.

Déi wichtegst Emmy Awards ginn eréischt den 13. September verdeelt. Gewënner vu méi klengen Auszeechnungen, wéi déi vum beschten Erzieler, gi schonn am Virfeld annoncéiert.

De Barack Obama hat 2017 zesumme mat senger Fra eng Produktiounsfirma gegrënnt an e lukrative Kontrakt mat Netflix ënnerschriwwen. Mat hirer éischter Doku "American Factory" hu si en Oscar an en Emmy gewonnen. D'Präisser goungen allerdéngs net un d'Obama-Koppel, mä un d'Regisseuren.