E Mëttwoch de 7. September ass owes den Ofschloss vun der Fouer. Dat nodeems de CGDIS en negativen Avis ofginn huet.

D'Fouer dauert dëst Joer bis de 7. September an zielt eng Rekordzuel vun 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber. En Dënschdeg de Mëtteg koum d'Nouvelle vun der Stad Lëtzebuerg, datt dat traditionellt Freedefeier fir den Ofschloss vun der Fouer ofgesot gouf. Dës Decisioun gouf geholl, nodeems de CGDIS en negativen Avis ofginn huet. D'Freedefeier ass annuléiert, well et wéinst der laanger Drécheperiod en héije Feier-Risiko gëtt.

D'Lydie Polfer

680. Editioun mat 223 Spiller, Stänn a Restauranten

Eng nei Attraktioun war déi gréisst transportabel Geeschterbunn vun der Welt. Nei ass och, datt d'Horairen tëscht mëttes an eng Auer nuets harmoniséiert goufen an deemno d'fräi Nuechte freides a samschdes ewechfalen. Spiller, déi de Wee nees zréck op Lëtzebuerg fonnt hate, sinn ënner anerem den Top SpinHangover an Hexentanz.

Tëscht 500 a 600 Demandë koumen dëst Joer vu Forainen eran, 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber goufe schlussendlech zeréckbehalen, woubäi een Drëttel vun alle Foraine Lëtzebuerger sinn. Nieft Traditiounsbetriber, déi bei de Leit gutt ukommen, ginn et all Joer och eng Partie nei Attraktiounen, déi d'Fouer interessant maachen.

D'Schueberfouer ass déi gréisst Kiermes an der Groussregioun an zitt all Joer an der Moyenne eng zwou Millioune Visiteuren un.

D'Schreiwes vun der VDL

Schueberfouer 2022

Annulation du feu d’artifice prévu le 7 septembre

Suite à l’avis négatif du Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS), le feu d’artifice prévu le mercredi 7 septembre 2022 à 22.00 heures dans le cadre de la clôture de la Schueberfouer est annulé en raison du risque accru d’incendie dû à la période prolongée de sécheresse.