E Méindeg huet et um Glacis bal rëm sou ausgesinn, wéi wann ni eppes gewiescht wier. Ma virun e puer Deeg nach war op der Fouer eng richteg lass.

Net just wärend dem leschten Owend, mä och nach d'Nuecht an de Moien drop. 223 Spiller, Verkafsstänn an Iessbuden hunn nämlech missen ofgebaut ginn.

De 7. September géint 23 Auer: Bei der Famill Markmann an hirem Spill "Hexentanz" fanne sech nach ëmmer Leit, déi sech zu spéider Stonn wëllen duerchrësele loossen. De Bedreiwer Hans Peter Markmann junior awer ass a Gedanke scho beim Zesummepaken. "Wir fangen heute Abend direkt an abzubauen, wir legen direkt los. Na klar ist man im Kopf schon halb beim Abbau, halb noch hier das Geschäft am betreiben. Das läuft alles parallel."

Den Hans-Peter Markmann junior ass Forain a 7. Generatioun. Zesumme mat senger Famill, déi vu Bonn kënnt, ass hien op Lëtzebuerg gereest. D'Mamm sëtzt un der Keess, hie selwer steiert d'Spill, ofwiesselend mat senger Fra a sengem Papp, dem Hans-Peter Senior. Si sinn déi éischte Kéier hei. 16 Joer laang hunn d'Markmanns misse waarden, bis se endlech eng Plaz op der Fouer kritt hunn.

"Der Hexentanz ist 16 Jahre bei uns im Besitz. 16 Jahre bewerben wir uns hier. 2020 haben wir das erste Mal die Zulassung bekommen, dann kam Corona dazwischen. Der Vertrag wurde jetzt aufgeschoben und dieses Jahr konnten wir dann dabei sein. Es hat sich auf jeden Fall gelohnt, wir sind sehr zufrieden. Die Kollegen, die immer hier stehen, die haben gesagt, es war dieses Jahr nicht so stark besucht wie sonst. Aber nichtsdestotrotz war es sehr schön hier."

Schéin awer och ustrengend. Ëmmerhi schafft een all Dag vun 12 Auer Mëttes bis 1 Auer nuets. Ma en anert Liewe kann den Hans-Peter, dee ronn 9 Méint am Joer mam Familljebetrib duerch ganz Däitschland reest, sech net virstellen.

"Seitdem ich Kind bin, bin ich dabei. So wie meine Kinder auch. Ich habe zwei Kinder, 3 und 5. Die kriegen das ja auch schon alles mit, die wachsen damit auf. Also ich kann mir nichts anderes vorstellen. Ich bin glücklich so wie es ist, mir gefällt es."

E puer Meter weider. Ee vun den Highlighte vun der Fouer: den Tuerm. Am Géigesaz zu de Markmanns, war d'Famill Schneider schonn dacks op der Fouer vertrueden, wéi den Ewald Schneider Junior erkläert.

"Die Schueberfouer ist eine ganz tolle Veranstaltung, eines meiner Highlights im Jahr muss ich sagen. Es ist eine recht ungewöhnliche Kirmes, weil alles so eng bebaut ist. Für mich ist es auch eine andere Sprache. Aber es ist einfach eine ganz tolle Veranstaltung."

Den Ewald Junior ass quasi an eng richteg Forains-Dynastie eragebuer ginn. Souwuel säi Papp wéi och seng Mamm kommen aus grousse Kiermes-Famillen. Vue dass säi Papp a seng Geschwëster mat hirer Achterbunn op enger anerer Plaz ënnerwee sinn, ass den Ewald dës Kéier eleng mat senger Mamm op Lëtzebuerg komm.

"Die Arbeitsaufteilung sieht wie folgt aus: ich mache morgens das Geschäft fertig, dann wechseln ich und meine Mutter uns oben am Mikrofon ab. Und unten habe ich dann meistens Personal. Also eigentlich ist man immer am Arbeiten, weil selbst, wenn man drüben essen geht und es ist irgendwas, die kleinste Kleinigkeit, dann kriegt man einen Anruf: 'Ewald, so und so.' Eigentlich muss man sagen, man ist 24/7 am Arbeiten als Schausteller."

A besonnesch fir den Ofschloss gëtt et nach emol sou richteg stresseg. Nach wärend déi lescht Clienten um Tower sinn, gëtt schonn ofgebaut. D’Mamm Christina, hannert dem Mikro, animéiert bis déi allerlescht Sekonn hir Visiteuren. Eppes, wat net jidderee kann, erkläert den Ewald: "Das kann man eigentlich nicht lernen, entweder man kann es oder man kann es nicht. Meine Mutter macht das sehr gerne. Sie ist auch in Deutschland auf den Kirmessen eine Ikone. Schon seit vielen Jahren sitzt sie oben am Mikrofon und macht das super."

An dann ass Schluss. Um eng Auer maache sou lues awer sécher all d'Buden zou. An op eemol geet et ganz séier. Nëmmen eng hallef Stonn méi spéit komme schonn déi éischt Camionen un. Déi ganz Nuecht iwwer wäert hei geschafft ginn, erkläert de Fouermeeschter Laurent Schwaller. "Den Demontage ass och eng ganz Aufgab. Do gëtt geplangt, wie wéini fort muss, wien op eng aner Kiermes muss fueren, wéini ee muss do opbauen an deementspriechend hei ofbauen. An dat gëtt da geplangt, dass déi éischt um hallwer zwou erafueren an déi aner dann duerno der Rei no."

223 Spiller, Verkafsstänn a gastronomesch Betriber musse bannent kierzter Zäit ofgeriicht ginn. Vill kleng Geschäfter verschwanne lo schonn. Moies ass da méi schwéiert Gefier néideg, fir déi grouss Spiller auserneen ze bauen. A wann de Gros bis fort ass, gëtt gebotzt, Bëtongsbléck, Sécherheetsbeliichtung a Gelänner ginn ewechgeraumt – a ganz zum Schluss ass d'Portal drun, esou de Laurent Schwaller.

"5 bis 6 Deeg dauert dat, bis dass de Glacis rëm ganz besenrein quasi ass. Et muss een awer soen, duerch Corona sinn och bei de Forainen e puer Personalproblemer opgedaucht. Et ass net méi dat Personal do wéi virdrun, esou dass de Montage wéi och den Demontage méi laang dauert, wéi dat viru Corona de Fall war."

En Donneschdeg de Moie géint 9.30 Auer ware mir rëm op de Glacis luussen. Wou een och hi gekuckt huet, gouf konzentréiert geschafft an demontéiert. Beim Ewald Schneider war an de leschte Stonnen och scho sou munches geschitt. Seng Transporteren an de Kran waren an Tëschenzäit ukomm. Et stoung een ënner Zäitdrock. Den Opbau wier zwar méi Aarbecht, mä den Ofbau wier méi stresseg, vue dass een ëmmer séier fort misst, erzielt den Ewald. Hannert him hat ee sech preparéiert, fir de 85 Meter héije Fräifalltuerm auserneen ze huelen. Angscht virun Héichten dierf een hei net hunn. Stéck fir Stéck gëtt den Tower méi kleng. Bei all eenzel Segment ginn d'Bolze rausgeholl. En hydraulesche System hieft den Tuerm a sou kënnen dann déi eenzel Deeler mam Kran ewechgeholl ginn. Bis sechs Auer misste se fäerdeg sinn, esou den Ewald.

Ganz iwwerraschend treffe mir och erëm op den Hans-Peter Markmann a seng Ekipp. Eigentlech hätte si scho längst missen ënnerwee op Bonn sinn, wou déi nächst Kiermes op si waart. Hir Rulotte si schonn an der Nuecht lassgefuer, an hie selwer wollt u sech spéitstens um 7 Auer Moies fort sinn. Mä de staarke Reen huet hinnen an der Nuecht e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, sou dass si ofgebrach hunn. Vue dass d'Rulotte scho fort waren, hu si missen en Hotel sichen. "So ist das halt, ne", seet den Hans-Peter zu dësem Imprevue, deen hien Zäit a Geld kascht huet. Dat géing nu mol dozou gehéieren.

"Man plant es vorher, aber es kann immer etwas dazwischen kommen. Gleich beim Transport kann auch ein Reifen platzen oder sonst irgendwas. Es ist auf der einen Seite ärgerlich, aber auf der anderen Seite macht es das Ganze auch aus. Es ist kein langweiliges Leben."

Tëscht Riserad, gebrannte Mandelen a Kuscheldéieren. Kiermes ass hiert Liewen. A vläicht gesi mir den Ewald an Hans-Peter jo rëm, op der Schueberfouer 2023.