U sech bezilt een a Groussbritannien eng Ierfschaftssteier vu ronn 40 Prozent, ma als Monarch kënnt een hei dolaanscht.

Datt d'Kinnekshaus keng Ierfschaftssteier bezuele muss, kënnt aus enger Reegel vun 1993, déi ënnert dem Premier John Major agefouert gouf. Als Erklärung hat de Successeur vun der Margaret Thatcher ginn, datt ee mat enger Ierfschaftssteier d'Verméige vum Kinnekshaus iwwer Generatiounen ewech ëmmer méi kleng maache géif. D'Monarchie misst awer genuch Ressourcen hunn, fir hir Roll z'erfëllen a finanziell onofhängeg vun der Regierung ze sinn.

Hätt d'Queen awer nach aner Ierwen an hirem Testament uginn, wéi hire Fils den Charles, sou missten dës eng Ierfschaftssteier bezuelen, wann de Betrag iwwert eng gewëssen Zomm erausgeet. D'Queen an och elo de King sinn a Groussbritannien souwisou vu Steiere befreit. D'Queen hat 1993 awer zougeséchert, datt si fräiwëlleg Steieren op hiert Kapital an hiert Akommes géif bezuelen. Et gëtt sech erwaart, datt och den Charles dëst wäert maachen.

An dësem Fall geet et ëm d'Suen, déi duerch den Duchy vu Lancaster, dee komplett am Besëtz vum brittesche Monarch ass, erakommen. Zu dësem Duché gehéiere Lännereien a verschidden Entreprisen, déi hire Sëtz zu London hunn. D'Verméige gouf rezent op ronn 750 Milliounen Euro geschat.