Et ass ee vun de bekanntste Schrëftzich op der Welt: D'Hollywood-Zeechen an de Bierger iwwert Los Angeles.

Fir dës Renovatioun sinn 1.500 Liter wäiss Faarf virgesinn an e puer Wochen Aarbecht, heescht et vum "Hollywood Sign Trust". Vun nächster Woch un a bis Mëtt November wäerte ronn 10 Aarbechter un dem 15 Meter héijen an 140 Meter laange Schrëftzuch schaffen. Dëst gëtt am Virfeld vum 100-Joer-Jubiläum vum "HOLLYWOOD"-Zeechen dat nächst Joer gemaach.

1923 hat eng Immobilienagence de Schrëftzuch "HOLLYWOODLAND" an déi deemools nach onbewunnte Bierger opgeriicht, datt fir Reklamm fir d'Bauplazen ze maachen. 1949 gouf d'Konstruktioun sanéiert an déi lescht véier Buschtawen ofmontéiert.