Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d'Metal-Formatioun Metallica, Poppen an iresch-schottesche Pop.

Den Nikki Feltus ass Zaldot duerch an duerch a mécht e Samschdeg zu Ettelbréck e grousse Konveniat, wou och Net-Zaldoten invitéiert sinn. Vu moies 10 bis nuets 3 Auer gëtt genuch gebueden. D'Arméi weist hier aktuell Gefierer, d'Quadriga erënnert un al Militärween, de Raphael Fiegen ass mat senge Schlittenhënn op der Plaz an owes ass e Bal. Am Joer 2000 ass de Papp vun 3 Kanner bei d'Arméi gestouss an op Wonsch vu senge Komeroden huet hien an den Däichwisen e Konveniat organiséiert, deen awer fir jiddereen, deen interesséiert ass, zougänglech ass.

De Vincent Pedrini ass President vun der Drone-Federatioun, a kennt déi organisatoresch Obstakelen, ier ee mat enger Dron fléien däerf. Den 31. Mäerz 2022 hu 6 Memberen de Grupp gegrënnt mam Ziel, déi professionell Interesse vum Secteur ze vertrieden, national sou gutt wéi international. Et geet drëms ze weisen, wat haut scho méiglech ass a wat d'Zukunft nach bréngt a wéi och de Privatmann mat senger Dron fléie kann an dierf, well een do op vill rechtlech Problemer stéisst, déi net jidderengem bewosst sinn.

D'Dëppegéisser huelen hire 15. Gebuertsdag de 24. September an der Philharmonie no. Zweemol gouf d'Feier wéinst Corona scho verréckelt, awer des Kéier klappt alles. An engem aussergewéinleche Kader sange si hier bekannte Lidder, wéi dat iwwert de "Kimmi Kirchen", "De Schlappentourist", "De Straupejitzert" awer och dat vum "Siggi". "A viru mam Jabel" bréngt déi 4 Membere mat der rosa Kap an hir Frënn, an den Auditoire vun der Philharmonie.