D'Jane Goodall ass wuel déi renomméiertst Fuerscherin, déi et sech zum Liewenszil gesat huet, Schimpansen an aner Afen an hirem Liewensraum ze schützen.

Mat enger Barbie-Versioun vun hir geet fir si en Dram an Erfëllung. Well esou kann déi mëttlerweil 88 Joer al Primatologin nach aner jonk Meedercher inspiréieren, op en änleche Wee ze goen.

"Wéi ech jonk war, do goufen et quasi keng weiblech Virbiller, meng Mamm huet mir gehollef, mäin Dram ze verwierklechen, mee meng Virbiller waren den Dr. Dolittle an den Tarzan. Et gouf keng Fraen, déi dat gemaach hunn, wat ech wollt maachen."

D'Firma huet dobäi och Wäert drop geluecht, datt d'Popp nohalteg ass, Plastik aus de Mierer gouf dofir recycléiert. Och dat zielt zum Konzept vun hirer "Inspiring Women Series", wou nach vill aner bekannt Dammen elo och als Popp an d'Butteker kommen.