De leschte Weekend waren eng Partie Courssen am Kader vun den Euro Touring Series. RTL war bei der Qualifikatioun mat dobäi.

Engersäits muss ee séier reagéiere kënnen, anersäits muss een eppes vu Mechanik verstoen. Eng Altersbegrenzung gëtt et net. Fir virbäi matzehalen, ass vill Training erfuerdert. Riets geet vu ferngesteierten Autoen an do ginn et vill Kategorien an och eng Partie Reegelen. Mee vu wou kënnt dës Passioun, déi natierlech wäit iwwert d'Grenze vu Lëtzebuerg ewech geet?

Et ass schonn impressionnant, wann een déi éischte Kéier esou eng Course erlieft. D'Ambiance ass änlech, ewéi op enger richteger Course. Et gëtt elektresch gefuer, wat engersäits kee Radau mécht an anersäits och fir d'Ëmwelt gutt ass. Eng ronn 150 Leit aus ganz Europa hunn de Wee op de "Park and Ride" Houwald fonnt, fir kënnen un der Course deelzehuelen.

Virun all Course gëtt streng kontrolléiert, ob sech un d'Reegele gehale gouf, an do ginn eng jett Saache kontrolléiert. D'Spannung vum Akku, d'Gewiicht vum Auto an de Spoiler dierf net iwwert d'Karosserie goen.

Dës Faszinatioun zu de Modell-Autoen huet bei deene Meeschte schonn als Kand ugefaangen, respektiv haten d'Elteren eppes domadder ze dinn a si hunn et als Kand souzesoe mat an d'Wéi geluecht kritt.

150 Leit aus ganz Europa hunn Deel un der Course geholl, ma de ganze Weekend gouf gefuer. Wien näischt verpasse wollt, konnt alles online live materliewen.

Jiddereen huet seng Faszinatioun op seng Aart a Weis fonnt, ob et d'Léift zur Mechanik ass, den Adrenalin bei der Course oder einfach en Zäitverdreif. Wat wichteg ass, ass, dass et Spaass mécht.