Den Erléis vun der Stee soll dobäi un d'"Frankfurter Oktoberfest Schule" an der Dominikanescher Republik vum Reiner Meutsch senger Fly&Help-Stëftung goen.

De Weltstar Ed Sheeran huet de Weekend d'Frankfurter Oktoberfest besicht. Dëst nodeems hien am Deutsche-Bank-Park e Concert gespillt hat. Op Fotoe vu Gäscht vum Oktoberfest war den Ed Sheeran ze gesinn, wéi hien a voller Montur, spréch a "Lederhose" souwéi an engem Karo-Hiem, gefeiert huet. Och de Béier huet do natierlech net dierfe feelen. Esou hunn och vill Visiteure Fotoe gemaach, op deenen ze gesinn ass, wéi den Ed Sheeran Binding-Béier aus engem Mass-Glas drénkt.

Op dat Mass-Glas kënnen d'Fans vum Sänger elo nach bis de 7. Oktober 2022 op Ebay bidden. D'Start-Offer louch dobäi bei 1.040 Euro. Allerdéngs muss e Präis vun 1.200 Euro gebuede ginn, fir datt d'Glas de Besëtzer wiesselt.

Wann Dir un dësem Objet interesséiert sidd, da kënnt dir d'Stee op Ebay ënnert follgendem Link fannen.